Government of the Grand Duchy of Luxembourg

07/22/2021 | Press release | Distributed by Public on 07/22/2021 09:49

D'Taina Bofferding geet a Gemengen, déi staark ënnert den Iwwerschwemmunge gelidden hunn

Ronn eng Woch no den zum Deel katastrofalen Iwwerschwemmungen uechtert d'Land war d'Inneministesch, Taina Bofferding, gëschter an haut nach emol a verschiddene Gemengen ënnerwee, fir op der Plaz de Buergermeeschteschen a Buergermeeschteren engersäits nozelauschteren an hinnen anerersäits Hëllef unzebidde virum Hannergrond vum aussergewéinlechen Héichwaasser. Gëschter stounge Visiten zu Bettenduerf, Iechternach a Rouspert-Mompech um Programm, haut an der Fiels an zu Miersch.

'Et war mer wichteg, direkt vun dëse Gemengeresponsabelen ze héieren, wat hir Andréck waren a wat gutt a manner gutt gelaf ass. Ech konnt mer e Bild vum Ausmooss vun der Katastrof maachen, vun de sëlleche Gemengeninfrastrukture wéi Sportshalen, Atelieren a Schoulen, déi alt bis zu zwee Meter ënner Waasser stoungen. De Gemenge wëll ech e grousse Luef fir hiert séiert Handelen ausschwätzen a soen, dass si op mech ziele kënnen a mir hinne mat gezielte Subsiden ënnert d'Äerm wäerte gräifen!', sot d'Taina Bofferding no de Visitten.

Communiqué vum Inneministère